Eisen Klub organiseiert en Badminton Hobbytournoi Samsdeg den 24. Januar 2026 an der Sportshaal zu Hamm (157, rue de Hamm,  L-1713 Letzebuerg).

Gespillt gin Doublen Männer an Fraen (eventuell gemescht) ab 10h. D’Sportshaal mech seng Dieren um 9h15 op.

Gespillt gett nom Schweizer System.

Et gin wahrscheinlech Gruppen gebild an zum Schluss eng Finale geint 18h gespillt.

Inscriptionsfrist leeft bis den 19. Januar 2026 inclusiv per Email op dëst Adresse.

Dei Lait die keen Partner fannen, kënnen sëch mellen an mir kukken op mir fier déi Lait een Matspiller organiseiert kreien.

Fier Gedrenks an e puer Seissegkeeten ass gesuergt.

Mellt Ierch,  mir freen eis op Ierch!

Wann dier Froen hudd, zéckt nët eis unzeschreiwen.

December 1st, 2025

Posted In: Turneieren